… oder hëlleft den Staat a Wierklechkeet net awer den Elteren hir Crèche-Rechnung ze bezuelen!
De Staat ënnerstëtzt d’Familljen, well et nëtzlech ass. Ween dovun profitéiert ass net ëmmer secher.
Secher ass, dass d’Staatshëllef eng elegant Form vu Stëmmenkaf ass.
Des Form vun Politik kann als d‘Bestriewen vun Politiker interpretéiert ginn, fir de Wieler mat “Subsiden” bei Laun ze halen an sou d’Neiwahlen ze erliichteren, an gläichzäiteg hir eegen „Nëtzlechkeet“ ze erhéijen.
Dëst muss och fir sech geholl net skandaliséiert ginn, dat ass nu emol esou an enger Demokratie.
Des Form vun Staatshëllef gëllt als besonnesch “elegant”, wann d’Entscheedung ze hëllefen mat den Suen vun anere Leit geholl gëtt, an den Virdeel deen doraus entsteet (och) de Politiker perséinlech zugudd kennt, eben a Form vun Stëmmen!
Wann dann nach de Seegen vum Gesetz derbäi kennt, dat d’Kanner ënnert den speziellen “Schutz” vum Staat stellt, stellt sech eng fundamental Fro nei:
Wiem gehéieren eigentlech eis Kanner: dem Staat, den Elteren oder sech selwer ?
Deelt gären är Meenung zu dësem Thema.

One comment
Ech mengen datt d`Leit jo schons decideieren waat se mat den Kanner wellen machen, daat soll och eso bleiben. Dass den Staat matt dem neuen Gesetz den privaten crèchen alt nees un daat finanziellt geht, ass den Leit egal oder se wessen et net!!! Fazit wann mer op engem Stonnenpreis wie elo bleiwen,dann gin Crèchen 2019 all meie deier, an Eltern mussen erem drener leiden.